Description: |
Direkt nom Éischte Weltkrich huet d'lëtzebuergesch Bevëlkerung hiren Alldag mat zéngdausenden amerikaneschen "Doughboys" gedeelt. Kulturellen Austausch, nei Frëndschaften, mä och geleeëntlech Reiwereien hunn dëst onerwaart a kuerzzäitegt Zesummeliewen vun "Aler Welt" an "Neier Welt" ausgemaach - ee bal vergiessent Intermezzo an der Geschicht vun eisem Land.
|